Internationale Concours
Thema vum Concours: "BEEM"
Allgemeng Konditiounen
- All Quilter/inne sinn agelueden um Concours deelzehuelen
- All Kënstler ka sech just mat enger Aarbecht umellen
- De Quilt muss vun där Persoun entworf a gebitzt sinn, déi fir den Concours ugemellt ass
- D’Wierk muss op mannst e puer grondleeënd strukturell Elementer vum Patchwork enthalen
- D’Wierk muss eng Längt vun 80 cm an eng Breet vun 60 cm hunn, bei enger Toleranz vun +/- 10 %
- D’Wierk muss aus de Joeren 2009/2010 stamen an duerf net virdrun an enger Ausstellung, engem Buch, engem Katalog oder soss enger Zäitschrëft ze fanne sinn
- All Wierk muss op der ieweschter Récksäit een 10 cm breeden Tunnel fir opzehänken, eng Etikett mam Numm, Adress, Telefonsnummer vum Besëtzer souwéi dem Numm vum Wierk besëtzen
- De Quilt gëtt ab dem Antreffen bis zur Récksendung vum Organisateur verséchert
- D’Verpakung vum Quilt, fir déi de Besëtzer zoustänneg ass, muss sécher sinn an een onbeschuedenen Transport garantéieren. Den Organisateur ass, bei mangelhafter Verpakung, net fir de Schued verantwortlech.
Umeldung:
- Bis den 1. Februar 2010
- Deelhulen um Concours kascht näischt
- D’Transportkäschten hin dreit de Verkeefer, zréck den Organisator
- D’Quilten gi während dem Quiltfestival den 13.05-16.05.2010 ausgestallt
- D’Quilten si bis spéitstens den 1. Abrëll 2010 un eng vun de folgenden Adressen ofzeliwweren:
- Syndicat d’Initiative Kiischpelt
Lutgen – Lentz Antoinette
4, Cite Penscherbierg
L-9776 Wilwerwiltz
- Textielatelier Iet van de Vrande
Slievenstraat 48
NL-5711PL Somerer
Verkaf:
Während der Manifestatioun hudd Dir d’Méiglechkeet Äer Wierker ze verkafen.
Déi beschte Quilten gi mat Geld a Saachpräisser ausgezeechent.
