Invitatioun
Säit senger Grënnung am Joer 1991, huet den Organisatiounscomité all Joer op Nationalfeierdag, dem 23.Juni, déi grouss Freed op den „Open Air Konstfestival“ anzelueden. Fir een Dag am Joer verwandelt dat klengt Dierche Lellgen sech erëm an eng lieweg a faarwefrou Galerie ënner fräiem Himmel.
Anzwëschen iwwer Grenze vun eisem Land eraus bekannt, zitt de Festival all Joer ronn 4500 Visiteuren un. Ee prall gefëllte Programm, mat 100 Kënstler déi live op der Plaz hier Wierker entstoe lossen, Strossekënstler, Workshopen a Kanneratelieren, mécht de Konstfestival och dëst Joer zu engem Erliefnis fir Jonk an Al.
Live-Concours
Dem Publikum bidd sech de ganzen Dag iwwer d’Méiglichkeet de Kënstler beim schafe vun hire Wierker iwwer d’Schëller ze kucken, mat hinnen ze diskutéieren, oder Wierker ze kafen.
Ronn 100 Kënstler huelen all Joer um Live-Concours deel. De Jury bei dësem, mat intressante Präisser, dorënner der Kiischpelter Lohrblumm, gespéckte Concours sënn d’Visiteure selwer. Méi Infoen fannt dir hei.
Strossenanimatioun
Pantomimen, Stelzegänger, Clownen, kleng Theatergruppen, Jongleuren an Akrobate beliewen d’Stroossen a begleeden d’Visiteuren op hirem Wee duerch Duerf.
Live-Musikgruppen ënnermolen déi kënstlerich Aktivitéite mat Musek vun der besonneger Zort. Vun Jazz, iwwer Folklore Musik bis hin zu verréckt verkleete Bands déi hier Show zu Elektro-Sound presentéieren, ass zu Lellgen alles ze héieren.
Ausstellungen
Duerch dat ganz Duerf verdeelt waarden eng ganz Rei Ausstellunge op Äre Besuch an invitéieren Eech op eng Rees an d’Welt vun de Faarwen, de Skulpturen an der Fotographie. Méi Informatiounen fannt Dir a Kierzt hei.
Kanneratelieren
-Seidemolerei
-T-Shirt molen
-Sandbiller
-Op Glas molen
-Mat Lehm schaffen
-Mosaik
-Gipsfigure molen
De ganzen Dag iwwer hunn d’Kanner d’Méiglichkeet an flotten Atelieren matzeschaffen. Dir kënnt Eech op der Plaz informéiren an d’Kanner kënne spontan matmaachen ouni sech am Viraus unzemellen.






