Zum 20. Gebuertsdag

Serigraphie vum Margot Reding-Schroeder an enger limitéierter Editioun

"FEMME" Encre de chine et technique mixte 2010

Am Kader vum 20. Gebuertsdag, bréngt den Organisatiounkomitee vum Open Air Konstfestival eng op 75 Exemplaire limitéiert Serigraphie vum Margot Reding-Schroeder sengem Wierk «Femme» eraus.

D’Serigraphie gouf gedréckt ënnert der fachmännescher Leedung vum Graham Renshaw am Siebdrockatelier vun der “Éilenger KonschtWierk ATP asbl“, engem therapeutischen Atelier fir psychotesch Mënschen.

D’Wierk mat der Gréisst 65×50 cm steet zum Verkaf fir de Präis vun 170€.

Séchert Eech ären Exemplar, den Dag vum Festival selwer, den 23. Juni 2010 zu Lellgen, iwwer eisen Internetsite www.konstfestival.lu, iwwer Telefon 621 63 43 87 oder per Email daniel.boumans@sik.lu.

D’Reservéirung kënnt Dir och maachen per Iwwerweisung op den Kont BCEELULL LU85 0019 1155 3587 5000 vum Organisatiounskomitee vum Open Air Konstfestival mam Vermierk “Serigraphie 20. Editioun Konstfestival“.

Notiz zur Kënstlerin

Margot Reding-Schroeder wunnt a schafft an der Stad Lëtzebuerg an zu Lellgen.

Si huet eng Rei Formatiounen un der Académie Européenne d’Art zu Tréier, un der Académie Pro Arte zu Prissiano an zu San Sebastiano da Po an Italien an am Lycée des Arts et Métiers zu Lëtzebuerg gemat, souwéi eng Rëtsch Konstséminairen zu Florenz, Roum, Paräis, an Irland, an der Belgt an och an Däitschland beluecht..

D’Kënstlerin ass zudeem Laureatin vum Grand Prix d’Art Contemporain um ll. Salon des arts plastiques zu Maizières-lès-Metz, souwéi vum “Premio Internazionale Massenzio Arte” zu Roum.

D’Wierker vum Margot Reding-Schroeder waren an Ausstellungen an Däitschland, der Belgt, Frankräich, Italien an zu Lëtzebuerg ze gesinn. Hei ee klengen Extrait: Frankräich : Musée St. Dié des Vosges, Galeries Poirel, Nanzeg, ART METZ, Abbaye des Prémontrés Pont-à-Mousson, Abbatiale de Bouzonville, Centre Européen des Arts et Métiers, Givet, Salon International, Revin- Belgt : IKOB-Islek’Art Eupen, Galerie d’Art Cercle des Beaux-Arts, Verviers, Château de Strainchamps- Däitschland : EVBK Abbaye de Prüm, Roemische Villa, Borg, Deutsche Richterakademie, Tréier, Kultursommer Rheinland-Pfalz Altes Amt, Hommage à Robert Schumann Alte Kirche Schoenecken, Europäische Kunstakademie, Tréier- Italien : Schloss Katzenzungen, Prissiano, Internazionale MASSENZIO ARTE, Roum- Lëtzebuerg : Château de Bourscheid, CAPE, Artium Art Gallery, DEXIA-Bil- Experta, Galerie Weber, Wolz ,Good-Year, ART in Beaufort, Prix Max Goergen, Wëlwerwolz, Lellger Konstfestival, Château de Larochette, Abbaye de Neumünster, Galerie du Moulin d’Asselborn, Galerie Soraya, Project New Fluxus, salon ARC- Türkei: Istanbul, Caddebostan Culture Center

Art Sacré: Triptyque “Chemin de Lumière” Kapell zu Lellgen, Kornelius- Kapelle, Welchenhausen, Däitschland, Alte Kirche, Schoenecken Eifel, Abbatiale de Bouzonville, Frankräich

Am Joer 2005 huet Margot Reding-Schroeder d’Broschür „Das Wesent-liche“ ënnert der Schirmherrschaft vum Kulturministär an dem lëtzebuergeschem Kulturfong publizéiert.

Besicht d’Kënstlerin och am Internet:
http://www.cultureinside.com/homefr/e-space.aspx/Artist/margotraces

Reservatioun